BABYBALANCE 

 

Babyhandling Babyfleeg

 

Lo ass Äre Baby endlech do, Dier hutt et gepackt!

Dier spiert direkt di stark Léift an grouss Verbonnenheet mat Ärem Kand.Domat ass och direkt den Besoin gebuer, sech em hien ze këmmeren an hien ze protegéieren, onwidderufflech an fir ëmmer.

Ganz schnell léiert Dier di alldeeglech Fleeg an Gesten bäi Ärem Baby ze man an och wéi Dier Iech em hien këmmeren musst.

An awer ass et oft schwéier ze verstoen, firwat Äert Kand kräischt an wat en braucht. Dest ass net nëmmen bei Iech esou, datt een dat net ëmmer intuitiv, instinktiv kann a weess.

Dat muss ee lues an lues léieren am alldeeglechen Ëmgang mam Kand an esou Erfarungen sammelen. All Dag ass anescht, net virausséibar an esou musst Dier Iech ëmmer nees upassen.

Oft ass dëst ustrengend, ermiddend an heiansdo weess en net méi weider.

 

Eng grouss Hëllef kann et sinn, sech seng Welt virzestellen, wéi hien nach am Bauch war. Wat kann dat fir e Changement fir hie bedeiten gebuer ze sinn an sech elo ausserhalb vun der Secherheet an der Mam hierem Bauch missen erem ze fannen.

Eréischt dann kann en hien  méi einfach verstoen an domat besser wëssen, wat him feelt oder wat him hëllefe kann.

 

Wann Dier fir dëse Rendezvous kommt an Dier an Äre Partner dat wëllt, kennt dier zwee mier erzielen, wat dier erlieft hut bäi der Gebuert an an den éischden Wochen mat Ärem Kand. 

Fir mech ass et wicchdeg, iech an Är Geschicht ze héieren an esou ee bessert Gespier fir Är Situatioun ze kréien.

Wéi ass den Alldag mat Ärem Baby elo? Kreicht hien vill oder ass et méi e rouegen Baby? Reagéeiert hien sensibel ob Liicht, Geräischer oder och Mobiliséierung?

Des Seance besteet aus ganz vill Nolauschderen an zusummen iwerleen, wat die spezifech Bedürfnisser vun Iech an Ärem Kand sinn an wéi Dier ob all déi kennt agoen.

Duerno kucken mir zesummen, wat fir Froen Dir hutt. an wou ech hëllefen kann.  Dobäi ginn ech Iech ganz vill Tipps an Tricks, ganz ob Äert Kand zougeschnidden.

 

Wei schléift en, ësst en an ob en vill kräischt oder net. As et en Baby, den sech schnell an oft erféiert?

Wat kann him hëllefen besser ze schlofen?

Wéi ginn ech him dat séchert Gefill erëm zeréck, wat hien bei der Mam am Bauch gespuert huet?

Wéi kann ech hien un- an ausdoen, d' Wëndel wiesselen an vill aner Manipulatiounen man, ouni dat dest zevill Stress fir hie bedeit?

Ech weisen Iech eng ganz spezifesch Aart an Weis, wéi Dier Äre Puppelche kennt mobiliséieren, sou datt dat méi douce fir hien as n hien méi an sengem Gläichgewiicht bleift. Sou gëtt hien manner gestéiert, erféiert manner an kritt manner muskulär Verspanungen. Sou ass hien besser entspaant an kann méi déif schlofen.

En plus ennerstetzt dest seng motoresch Entwecklung, andems Dier genau déi Schrett an senger Mobiliséierung macht, déi hien och lues a lues muss léieren.

 

Mir beschwätzen och, ob wat Dier musst oppassen an Ärem Choix vun Produien, Wendelen, Spillsachen etc.