STËLLEN

 

 

Stëllevirbereedung

 (rembourséiert vun der CNS)

D'Stëllen ass net nëmmen dat Bescht vir Ärt Kand, mee och d'Mamm profitéiert vun villen gesonheetlechen Virdeeler. Do niewendrun ass et ( wann et bis gutt  klappt ) einfach a schnell    (ouni gréisser Preparatioun ), bëlleg an et schützt eis Natur.

Den Kontakt, den Dier beim Stëllen mat Ärem Kand erlieft, ass intensiv an eenzegaarteg an bënnt Iech an enger ganz bestëmmter Aart an Weis uneneen.

Fir datt d' Stëllen gutt an méi einfach klappt, ass et wichteg, dat Dier gutt informéiert sidd iwwert:

     - d' Virdeeler vum Stëllen

      - d' Mëllechproduktioun,

        d' Adaptatioun vun Quantitéit a Qualitéit vun der Mëllech

      - d' Positiounen vum Kand beim Sëellen, a firwat dëst esou wichteg ass

      - d' Ernährung vun der stëllender Mamm

      - eventuell  Problemer, déi optrieden kennen

 

Wéi kënnt Dier Iech, Äre Kierper an souguer Ärt Doheem dorop virbereeden?

Wat kënnt Dir maachen, wann Stëllproblemer optrieden?

 

Ob des an aner Froen kann ech Iech e puer Äntwerten ginn an den Rescht kënnt dann vun selwer, Dier werd gesin.

Mat Iech zesummen kann ech kucken, wou Äer Ängschden an Zweiwele sinn an Iech hëllefen, eng Léisung ze fannen.

 

 

Stëllberodung

(mat Ordonnance rembourséiert vun der CNS) 

Während Äerem Openthalt an der Maternité léiert Dir ganz vill iwwert d'Stëllen.

Hei kritt Dir gewisen, wéi Dier Ärt Kand unleen sollt, wéi ee gesäit ob et richteg saugt (oder nëmmen suckelt) an di verschidden Sëllpositiounen. Dëst muss all Dag ugepasst ginn, well d'Mëllechproduktioun jo eréischt amgang ass sech ze installéieren an sech all Dag  adaptéieren muss.

Wann Dir dann no e puer Deeg heem kommt, musst Dir probéieren, dëst unzewenden. Dir musst ausprobéieren, wat bei Iech an Ärem Baby am beschten fonctionéiert.

An hei muss jiddereen säI Wee fannen.

Eréischt lues an lues wäert Äert Kand ee Rhythmus an Iess- a Schlofzäiten entwéckelen.

Dobäi geet et ëmmer erem erop an erof, bis et ob emol gutt fonctionéiert.

Dat wichtegst ass, net obzeginn an net de Courage ze verléieren. Dir sollt wëssen, dat dat bei villen aneren Kanner och esou ass, net nëmmen bei Ärem Kand.

Ganz wichteg während dëser Zäit ass d' Ënnerstëtzung duerch Äere Partner. Hien ass ee vun deene wichtegsten Feiler, fir dat et mam Stëlle klappt.

Loosst Iech virun allem net duerch verschidde Meenungen an subjektiv Beuerteelung duerchernee bréngen. Dann ass e professionellen Rot méi objektiv, neutral an adaptéiert.

Zäitweis kënne Stëllproblemer, wei wond oder schmäerzhaft Bouen, gestaute Mëllech oder och d' Mëllechproduktioun, déi an dem Moment grad net duer geet, optrieden.

Während dëser Zäit kann ech Iech beroden, Iech ënnerstëtzen, kucke wou den Problem ass an Iech verschidden Hëllefen ubidden. Wann et néideg ass, kann ech Iech un eng Laktatiounsberoderin weiderleeden.

Oft sinn et awer just Klengegkeeten, déi gutt ze behiewen sinn mat e bësschen Gedold. Et brauch een einfach Ënnerstëtzung an d' Bestätegung, datt een et gutt mëscht.

Oft ass d'Middegkeet an de Stress den Ursprong vun dese Problemer. Desto méi wichdeg bleiwt et och wärend deser Zäit, ob Iech an Är Limiten opzepassen.

Loost Iech hëllefen iwerall do, wou Iech Hëllef ugebuedem get.

"Et brauch en  e ganzt Duerf fier e Kand grouss ze zéien".

(afrikanecht Sprechwuert)