Gebuertsvirbereedung

(rembourséiert vun der CNS) 

All Gebuert ass eng ganz perséinlech Erliefnes, enk gekneppt un diee eehen Wahrnehmung, Iwerzeegungen an Erfahrungen vun der schwangerer Fra.

Eng erfollegreich Schwangerschaft an Gebuert heescht net onbedengt, wéi vill oder wéineg technech Interventiounen gebraucht gin sinn, mee éischder dat no der Gebuert Mam an Kand an dem bestméiglechsten gesonden Zoustand sinn.

Dier wëllt Iech kierperlech, genau wei séilesch ob d'Gebuert vun Ärem Kand virbereeden.Wann Dier ob d' Enn vun Ärer Schwangerschaft zougitt, an domat méi no un Är Gebuert reckelt, ass et gutt ze iwwerleeen, wat Iech wichteg ass an wéi Dier wecnshen géingt, ze accouchéieren. 

Dobäi bleift dat Wichtegst ëmmer, dat et Iech an Ärem Kand gutt geet.

Dofir ass et wichteg, dat ech Iech erklären, wéi Ären Kierper fonctionéiert an wat bei der Gebuert geschitt.

Wéi kënnt Dier Ärem Kierper hëllefen, gutt ze schaffen?

Wéi kënnt Dier Iech an Ären Kierper ob Gebuert virbereeden?

Wéi kennt Dier Ärem Kand hëllefen, wéi maacht Dier him et méi einfach, den Wee duerch d' Becken ze fannen?

Wéi kann Ären Partner Iech hëllefen? Wat ass seng Roll? 

Wat ass ee " PROJET DE NAISSANCE" ?

Heibäi däerf een ni aus den Ae verléieren, dat een d'Gebuert vun sengem Kand nëmmen zum Deel kann beaflossen an dat en zu all Moment muss op bleiwen fir en Richtungswiessel.

Dobäi ass et wichdeg dem Dokder an der Hiewamm ze vertrauen. Sie machen alles, dat dier zwee an Secherheet sidd, dest ass hier éischt Prioritéit.

Wat man wann den Baby am" SIÈGE "ass, d.h. mam Kickes no ënnen leit?

Wei ass den Oflaf bei enger CESARIENNE ?

D'Wichdegkeet vun engem "Heilbad" no enger Cesarienne

 

CRASHCOURS

Hutt dir keng Platz méi an engem Cours kritt?

Wollt Dir net an e Grupp goen?

Hutt Dir bis elo geschafft oder hutt dir einfach keng Zäit fond?

 Ech ginn Iech Äntwerten ob des Froen, déi ech  un Är Virstellung vun der Gebuert adaptéieren.

 

COUR FIR FRAEN, DÉI SCHONNS MAMM SINN  

 

As et bei Iech net déi éischt Gebuert an Dier wollt just eng kleng Widderhuelung man?

Da kann ech Iech e Cour ubidden, wou mier déi wichtegst Saachen beschwätzen an Är individuell Froen beäntwerten.