Sandra Namur

 Ech sinn Hiewan säit 1992.

Ech hun an enger ganz klenger an awer och an enger méi grousserMaternité geschafft. Do hun ech an der Salle d’Accouchement an och um Post Partum, genau wéi an engem ambulanten Service fir d'Schwangerschaft an d' Zäit no der Gebuert geschafft hun. Ech këmmeren mech schonns  säit ville Joren em die schwanger Fraen mat hieren Partner an no der Gebuert och em hieren Baby mat Visitten doheem  oder bäi mir an der Praxis.

Esch halen säit 1995 pre- a postnatal Couren.

Wärend deene leschten bal 30 Joer, hunn ech berufflech Weiderbildunge gemaach an un der Entwécklung vu verschiddene Projet'en deel geholl.

Elo war et Zäit gin fir eng Ännerung an ech schaffen elo ganz als liberal Hiewan. Ech hunn eng kleng Praxis  zu Bartreng an machen och Visiten bei Iech doheem .

Meng  Philosophie as ëmmer d'Ennerstetzen vun Ären Fähegkeeten als Elteren, déi Dier jo emmer matbrengt.

Ech hëllefen Iech, d'Vertrauen an Iech selwer an Är Instinkter als Mam a Papp ze stärken. .

Dobäi bleift dat wichtegst Ziel ëmmer d'Bindung teschend Iech an Ärem Kand, sief dat wärend der Schwangerschaft, der Gebuert oder och an der Zäit duerno.

Ech versichen dobäi ëmmer, och de Partner(in) ze integréieren, den/déi bei allem eng ganz wichdeg Roll spillt..

 

Esch si selwer Mamm vun zwee wonnerbare Kanner an hunn och dunn selwer vill missen léieren, och als Hiewann. Ech hunn hei vill perséinlech Erfarungen gemaach,déi ech och an meng Aarbecht afléisse loossen.

Esch si Lëtzebuerger an schwätze Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.

Ech freen mech drop, Iech an Ären Baby dierfen ze begleede.

Dier werd gesinn, dat get en wonnerbart Abenteuer!