NOSUERG

uschléissend un den Openthalt an der Maternité

rembourséiert vun der CNS

 

Wann Dier mat Ärem Baby aus der Maternité heem kommt, ass dat en immens schéinen a glecklechen, awer och ganz opreegende Moment.

Déi puer Deeg an der Klinik ( oft nëmmen 48 Stonnen)  sinn meeschtens ze kuerz, fir genuch gewisen an erkläert ze kréien. En plus ännert sech an den éischten Woche ganz vill vun Dag zu Dag an et muss en sech ëmmer nees adaptéieren

Dofir ass et dann ganz hëllefräich, eng Hiewamm ze hunn, déi bäi iech heem kennt.

Dat gëtt iech méi Secherheet an sou kennt dier als nei,kleng Famill dat Ganzt vill méi entspaant ugoen.

Ech begleeden Iech mat vill Freed an deser éischter Zäit. Dobäi loossen ech meng laangjäreg professionell, awer och meng perséinlech Erfarungen als Mamm an meng Aarbecht mat afléissen.

All Kéiers, wan ann ech bei Iech heem kommen, kucken ech no der Gesondheet vu Mamm a Kand kucken, genau wéi ech dat och an der Klinik géing machen, just dat ech dann méi Zäit an Rouh hun, fir mech ze këmmeren. 

Ech ënnerstetzen Iech beim Stëllen, wat sech jo vun Dag zu Dag verännert an passen dobäi och op d'Gewiecht vun  Ärem Kand op. 

Ech gin iech Tipps an Tricks, déi iech am Alldag mat Ärem Baby hëllefen.

Ech werd awer och lauschteren, wéi et iech als Famill geet an dobäi och de Papp an d'Geschwester mat abezéien.

Ech probéieren Iech sou gutt ech kann, Iech ze beroden an ob all Är Froen anzegoen.

 

Flott ass et ëmmer, wann mir eis bäi enger Berodung an der Schwangerschaft schonns kennegeléiert hunn. Och déi ass vun der CNS rembourséiert a gëtt bäi iech doheem gemaach.

Ech kann Iech dann alles ganz genau erklären an Iech eventuell och schonns e Rot fir d'Preparatiounen doheem ginn.

Ech gëif iech de Moment ob eng Lescht aschreiwen. Déi Leit ob der Lescht hunn natierlech Prioritéit, falls vill Leit gläichzäiteg sech umellen.