ELTEREN GIN,ELTEREN SINN

 

Vun dem Moment un, wou mir eist Kand spieren (fir d'Mamm in utero, fir de Papp e bessi méi spéit vun baussen), si mir schonns Elteren, irreversibel an fir ëmmer..

D'Schwangerschaft get eis Zäit, eis un de Gedanken ze gewinnen an eis e bessi drop virzebereeden.

Wirklech spieren an erliewen, wéi dat als Elteren all Dag esou ass, dat fängt awer eréischt no der Gebuert un.

Et ass net ëmmer einfach erauszefannen, firwat mäin Kand kreischt, wat et brauch an wéi ech him hëllefen kann.

Et ass net esou, dat en dat ëmmer instinktiv an genau an direkt weess.

Eisen Instinkt hëlleft eis do ganz vill,kann awer geschwächt sin duerch Middegkeet, Emotiounen an och duerch Selbstzweifel.

Eréischt duerch d' Liewen mam Kand, Erfahrungen sammelen an ausprobéieren, fënnt een Léisungen an léiert een säi Kand besser kennen.

Et ass ganz wichteg, do net direkt ze héich Uspréch u sech ze stellen, mee sech Zäit ze loossen.

Dat wichtegst fir Äert Kand ass ëmmer d' Léift, déi Dier him gitt. Dat baut säin URVERTRAUEN ob an macht et esou stark fir säin Liewen. 

Probéiert Iech an Äert Kand eran ze spieren, lauschdert ob seng Signalen.Och wann Dir net ëmmer direkt verstitt, wat hien brauch. Dat wichdegst fir Äeren Baby as et virun allem wouer gehuel ze gin, seng Signalen gin gehéiert. Dat stärkt och säin Urvertrauen, d' Secherheet, dat hien net alleng as an dat Dier, als seng Elteren, Iech em hien këmmert.

Dier sidd d' Elteren an Dier kennt dorop vertrauen, dat Dier erausfannt, wat dat Bescht fir Äert Kand ass. Dir musst zu zwee un engem Strang zéien, Iech géigenseiteg ënnerstëtzen an encouragéieren. Da kann et nëmmen gutt goen!

Esch lauschteren Iech no an ënnerstëtzen Iech.

Kleng Tipps an Tricks kennen och hei oft hëllefen. Oft geet Nolauschteren, d' Rassuréieren an d' Encouragéieren schonns duer.

Dobäi probéieren ech, meng professionell an och perséinlech Erfahrungen afléissen ze loossen.

Wann néideg, kann ech Iech un aner Professioneller weiderleeden.