BËBEEMASSAGE

 

TOUCHER BIENVEILLANT

 Fir déi éischt Wochen

 

Wann een d' Entwécklung vun den Sënner kuckt, dann ass den Toucher, d' Fillen den éischden, den fonctionnéiert, ganz frei, em déi 12. Schwangerschaftswoch.

Vun deem Moment un spiert Äert Kand alles, wat et beréiert an et spiert och, wann et beréiert gëtt.

Genau esou entwéckelt sech in utero déi éischt Kommunikatioun mat Äerem Kand. Äere Baby wibbelt an dir leet instinktiv är Hand ob de Bauch. Oder dir, oder och ären Mann leet d' Hand ob Äeren Bauch an als Reaktioun dorop wibbelt den Baby. Geschitt dëst ganz oft an ganz regelméisseg, leiert Äert Kand dat an weess esou ganz genau, wei et den Kontakt sichen geet an mat Iech kommunizéiere kann.

An voilà d' Basis vun Äerer Relatioun, d' Bindung ass geschaaf.

Beréieren ass en mënschlechen Besoin, Konditioun fir dat de Kierper an d'Séil vun engem Mënsch sech entwéckelen kennen.

Et ass d'Sproch vun der Léift, e vitalen Besoin, esou wichteg wei d'Nahrung selwer. ( F. Leboyer)

No der Gebuert bleift d' Beréieren genau esou wichteg wei während der Schwangerschaft!

Wat en d' Massage méi regelméisseg mëscht, kennt  Dir an och Äert Kand iech ëmmer besser entspanen  an esou kann jiddereen vun dësem intensiven Moment profitéieren.

Bëbeesmassage ass entspanend fir Kand, awer och fir Mamm an Papp.

Jiddereen wäert mol gestresst sinn vun Zäit zu Zäit. Dir, als nei Elteren, well Dir net ëmmer genau wësst, wat Dir musst man. Äeren Baby, well hien sech muss un eng ganz aner Ëmwelt gewinnen. (cf Schwangerschaft)

Sech Zäit zesummen huelen, en ganz schéine Moment deelen. Dobäi leiert Äert Kand wei et sech entspanen kann an Elteren kennen gläichzäiteg entspanen.

Genau wei den Stress kann och d' Entspanung vun dem engen bei den aneren iwwergoen.

Direkt no der Gebuert kann ee säin Kand schonns ganz douce masséieren. Dëst ass da ganz vill e Sträichen, Heemelen an Halen, heiansdo awer och eng richteg Massage.

Ëmmer dann, wann Dir dëst an enger roueger, harmonescher Art an Weis an mat Léift maacht, an dobäi ganz bei ärem Kand sidd, kennt Dir näischt falsch maachen.

Bëbeesmassage ass eng gutt Geleeënheet fir den Papp fir d' Relatioun an d' Bindung zu sengem Kand ze stäerken. Oft kennt hien eréischt owes heem, d'Mamm déi stëllt an ass dauernd beim Kand. All dëst kann et fir den Papp schwéier maachen, seng Platz an der Famill ze fannen. Andeems hien Massage ganz regelméisseg mëscht, gëtt dëst e ganz wichtegen an wonnerbaren Moment fir d' Kand. Et waart richteg drop, datt säin Papp owes heem kennt an bei him ass. 

 

Prakteschen Oflaf vun den Couren

 

Esch erklären Iech bei dësem Cour, wei Dir Iech an de Raum oder d' Platz, wou Dir masséiert am beschten virbereet.

Wéini soll een d' Massage maachen?

Wéini sinn déi beschten Konditiounen? Wei lang, we ioft, wei vill?

Wat fir een Ueleg soll en huelen?

Während Dir Äeren Baby masséiert, man ech niewendrun un enger Popp och eng Massage.

Dir maacht d' Massage, sou wei Dir et spiert an ech gidéieren Iech e bësschen dobäi. Ecg weisen Iech, wat si gär hunn an wat bei der Massage vu Neigebuerenen wichteg ass.

Dir loosst iech einfach leeden duerch d' Léift, déi Dir fir Äert Kand spiert.

Donieft kann ech Iech och weisen, wat Dir bei Bauchwéi bei Äerem Baby kennt machen. Esch weisen Iech och e bësschen Reflexzonenmassage bei Kolliken, Onrou, Aschlofschwieregkeeten an  Zännweih (fir méi spéit ).

Mais dat wichtegst bleift ëmmer den intensiven Moment, déi fest Bindung déi Dir dann spiert an d' Bezeihung zu Äerem Kand, déi doduerch nach méi staark gëtt.

Dat och d' Massage seng méi oder och mol manner staark Momenter huet erkläert sech vun selwer:-)

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

BËBEEMASSAGE AN YOGA-GYMNASTIK

 

Dëst sinn Couren fir Beeien ab 3 Méint

 

Et ass eng Ayurvedesch Ganzkierpermassag, intensiv,stimuléierend fir d' Entwécklung an zugläich entspanend.

Genau wei bei der Basis vun der Bëbeesmassage bleift och hei ëmmer dat Wichtegst den schéinen an intensiven Moment, deen dir mat Äerem Kand verbrengt.

Elo ass Äern Baby awer och schonns méi fit an huet sech un seng nei Ëmwelt gewinnt an adaptéiert.

D' Ziel ass elo och, hien ze stimuléieren an senger Entwécklung, senger motorescher, genau wei an senger geeschteger Entwecklung.

Bedenkt datt Äert Kand während deenen eischete Méint ganz vill läit an dëst oft an der selwechter Positioun.

Et ass nach ganz schwéier fir hien, säi Kierper ze bewegen.

Versetzt Iech an säi Kierper an stellt Iech vir, wei gutt Iech d' Massage an dem Moment géing doen.

Dofir ass di Ayurvedesch Ganzkierpermassage an Yoga-Gymnastik duerno genau dat richtegt.

 

 

 

D' Beneficer

 

Massage

 

Et hëlleft him, säi Kierper besser kennenzeléieren an sou gëtt seng Motorik gefuerdert. Hien leiert, säin Kierper am Raum besser ze erfaassen.Säin Gläichgewiicht am Kierper verbessert sech. Et gëtt him e bessert Kierperbewosstsein. Seng Sënner ginn geschäerft.

 

D' Entwécklung vun den Synapsen ( Verknëppung teschend de Nervenzellen), déi sech jo haaptsächlech am eischdenJoer entwéckelen,  gëtt am meeschten duerch Beréierung stimuléiert. D' Verbannen vun deenen zwou Gehierhallschenden gëtt domatter zu engem groussen Deel beaflosst.

 

Donieft stimuléiert d' Massage Duerchbluddung, de Lymphsystem an d' Verdauung.  D' Massage vum Broschtkuerf befreit Verspanungen, sou dat Äert Kand besser ootme kann.

 

Et befreit am grousse ganzen vill Verspanungen am ganzen Kierper, favoriséiert esou de Schlof an leiert Äeren Baby schonns ganz frei, wat Momenter vun Entspanung an Rou heeschen. Dëst ass net ze ënnerschätzen an eiser hekdecher Welt vun haut.

 

 

Dat allerschéinst awer ass den intensiven, onvergläichleche Kontakt, den Dir während der Massage mat Äerem Kand lieft. Et entsteet eng Verbannung an dem Moment, den d' Relatioun zu Äerem Kand am heigen Mooss verdéift.

 

Esch proposéieren och oft dat Pappen Massage man, well et fir si jo oft e bëssi méi schwéier ass, hier Platz nieft der Mamm ze fannen.

 

 

 

Yoga-Gymnastik

 

Dëst sinn ganz vill Dehnungs- an Iwerkreizübungen.

 

Wichteg eben fir de Kierper ze dehnen an fir hien ob ze man fir di weider Entwécklung.

 

Iwerkreizübungen fuerderen Connectioun vun deenen zwou Gehierhallschenden. Dëst ass Basis fir d' Feinmotorik an alles wat Koordinatioun verlaangt an verschidde Saachen zu gläicher Zäit oder an der richteger Reiefolleg maache léist. D' Basis vu Liesen, Schreiwen, Rechnen an etc..

 

 

 

Prakteschen Oflaf vun den Couren

 

An 3 Couren leiert Dir schrëttweis d' Technik vun der Massage kennen. Dobäi weisen ech Iech un enger Popp, wei dëst genau geet an dir masséiert Äert Kand. An all Cour widderhuele mir alles, wat bis dohi geleiert ass.

 

Am 4. Cour leiert dir d' Yogaübungen. natierlech ëmmer eréischt no der Massage.Well déi bëssi méi komplizéiert an schwéier ze verhalen sinn, widderhuele mir am 5. Cour nach emol d' ganz Bëbeesmassage an all Yogaübungen.

 

Mir maachen 1-2 Couren an der Woch, fir dat Dir Zäit hutt doteschend doheem ze üben.

 

Ziel ass, d'Massage an den Yoga sou oft ze widderhuelen, dat et praktesch automatesch geet an Dir kennt vergiessen, wat Dir musst maachen. Dir kennt Technik esou goud, dat dir se erem vergiessen kennt.

Wei beim Autofueren, wou dir automatesch alles maacht an Iech esou ob d'Strooss an den Verkéier konzentréieren kennt.

Sou kennt Dir ganz bei Äerem Kand sinn an den Moment genéissen, him ganz no si mat Äerem Häerz an esou vun dësem mageschen Moment profitéieren.