Babyhandling an Babypfleg

 

Lo ass Äere Baby endlech do, dir hutt et gepackt!

Dir spiert vill Léift an grouss Verbonnenheet mat Äerem Kand.

An awer ass et of schwéier ze verstoen, firwat Äert Kand kräischt an wat et braucht. Et ass net nëmmen bei iech esou, datt een dat net ëmmer intuitiv, instinktiv kann an weess.

Dat muss en lues an lues leieren am alldeeglechen Ëmgang mam Kand an Erfahrungen sammelen.All Dag ass anescht, net viraussehbar an esou musst dir Iech ëmmer nees upassen.

 Oft ass dëst ustrengend, ermiddend an heiansdo weess en net méi weider.

 

Wann een awer probéiert, sech seng Welt virzestellen, wou hien nach am Bauch war, an wat et fir e Changement fir hie bedeit, ob Welt ze kommen, kann en hien  méi einfach verstoen an domat besser wëssen, wat him hëllefe kann.

 

Wann Dir fir dëse Rendezvous kommt, kucke mir fir d' éischt emol wei d' Gebuert war. Duerno erzielt Dir mir, wei et mat Äerem Baby doheem geet.

Wei schléift en, ësst en an ob en vill kräischt oder net. As et en Baby den sech schnell an oft erféiert?

An dann, kucken mir zesummen, wat fir Froen Dir hutt. Dobäi ginn ech Iech ganz vill Tipps an Tricks, ganz ob Äert Kand zougeschnidden, déi Iech  hëllefen kennen.

Wat kann him hëllefe besser ze schlofen?

Wei ginn ech him dat séchert Gefill erëm zeréck, wat hien bei der Mam am Bauch gespuert huet?

Wei kann ech hien un- an ausdoen, d' Wëndel wiesselen an vill aner Manipulatiounen man, ouni dat dëst sou en Stress fir hie bedeit?

 

Den Cour besteet zum Deel aus enger ganz spezifescher Aart an Weis, wei Dir Äere Puppelche kennt mobiliséieren, sou datt dat méi douce fir hien an hien méi an sengem Gläichgewiicht ass. Sou gëtt hie manner gesteiert, erféiert manner an kritt manner muskulär Verspanungen.

En plus geet des Mobiliséierung ganz an d' Richtung vun senger motorescher Entwécklung.

 

Op vill aner Saache gi mir dann an.