Stëllevirbereedung

 

Stëllen ass net nëmmen dat Bescht vir Äert Kand, mais och d'Mamm profitéiert vu ville Virdeeler. Do niewendrun ass et ( wann et bis goud klappt ), einfach a schnell ( ouni gréisser Preparatioun ), bëlleg an et schützt eis Natur.

Den Kontakt, den Dir beim Stëllen mat Äerem Kand erlieft, ass intensiv an eenzegaarteg an bent Iech an enger ganz bestëmmter Aart an Weis uneneen.

Fir datt d' Stëllen goud an méi einfach klappt, ass et wichteg, dat Dir gutt informéiert sidd iwwert:

     - d' Virdeeler vum Stëllen

      - d' Mëllechproduktioun,

        d' Adaptatioun vun Quantitéit an Qualitéit vun der Mëllech

      - d' Positiounen vum Kand beim Sëellen, a firwat dëst esou wichteg ass

      - d' Ernährung vun der stëllender Mamm

      - eventuell  Problemer, déi optrieden kennen

 

Wei kënnt Dir Iech, Äeren Kierper an souguer Äert Doheem dorop virbereeden?

Wat kënnt Dir maachen, wann Stëllproblemer optrieden?

Ob des an aner Froen kann ech Iech äntweren.

 

Mat Iech zesummen kann ech kucken, wou Äer Ängschden an Zweiwele sinn an Iech hëllefen, eng Léisung ze fannen.

 

 

Stëllberodung

 

Während Äerem Openthalt an der Maternité léiert Dir ganz vill iwwert Stëllen. Hei kritt Dir gewisen, wei dir Äert Kand unléee sollt, wei ee geséit ob et richteg saugt an di verschidden Sëllpositiounen. Dëst muss all Dag ugepasst ginn, well Mëllechproduktioun jo eréischt amgang ass, sech ze installéieren.

Wann Dir dann no e puer Deeg heem kommt, musst Dir probéieren, dëst unzewenden. Dir musst ausprobéieren, wat bei Iech am beschten fonctionnéiert.An hei muss jiddereen säI Wee fannen.

Eréischt lues an lues wäert Äert Kand ee Rhythmus an Iess- a Schlofzäiten entwéckelen.

Dobäi geet et ëmmererem erop an erof, bis et ob emol gutt fonctionnéiert. Dat wichtegst ass, net obzeginn an net de Courage ze verléieren. Dir sollt wëssen, dat dat bei villen aneren Kanner och esou ass, net nëmmen bei Äerem Kand.

Ganz wichteg während dëser Zäit ass d' Ënnerstëtzung duerch Äere Partner. Hien ass en vun deene wichtegsten Pfeiler, fir dat et mam Stëlle klappt.

Loosst Iech virun allem net duerch verschidde Meenungen an subjektiv Beuerteelung duerchernee bréngen. Dann ass e professionellen Rot méi objektiv neutral an adaptéiert.

Zäitweis kënne Stëllproblemer wei wond oder schmäerzhaft Bouen, gestaute Mëllech oder och d' Mëllechproduktioun, déi an dem Moment grad net duer geet, optrieden.

Während dëser Zäit kann ech Iech beroden, Iech ënnerstëtzen, kucke wou den Problem ass an Iech verschidden Hëllefen ubidden. Wann et néideg ass, kann ech Iech un eng Laktatiounsberoderin weiderleeden.

Oft sinn et awer just Klengegkeeten, déi gutt ze behiewen sinn mat e bësschen Gedold. Et brauch een einfach Ënnerstëtzung an d' Bestätegung, datt een et gutt mëscht.:-)