Gebuertsvirbereedung

 

Dir wëllt Iech kierperlech, genau wei séilesch ob Gebuert vun Äerem Kand virbereeden.Wann dir ob d' Enn vun Äerer Schwangerschaft zougid, an domat méi no un är Gebuert réckelt, ass et gutt ze iwwerleeën, wat Iech wichteg ass an wei Dir idealerweis gären géingt accouchéieren. 

Dobäi bleift dat Wichtegst ëmmer dat et Iech an Äerem Kand gutt geet.

Dofir ass et wichteg dat ech Iech erklären, wei Äeren Kierper fonctionnéiert an wat bei der Gebuert geschitt.

Wei kennt dir Äerem Kierper hëllefen, besser ze schaffen?

Wei kennt dir Iech an Äeren Kierper optimal ob Gebuert virbereeden?

Wei kennt Dir Äerem Kand hëllefen an wei maacht Dir him et méi einfach, den Wee duerch d' Becken ze fannen an dëst an enger korrekter Positioun?

Wei kann Äeren Partner Iech hëllefen. Wat ass seng Roll?

Wat ass ee " PROJET DE NAISSANCE" ?

Heibäi däerf ee ni aus den Ae verléieren, dat een d' Gebuert vun sengem Kand nëmmen zum Deel kann beaflossen an dat en zu all Moment muss op bleiwen fir en Richtungswiessel.

Wat man wann den Baby am" SIÈGE "ass, d.h. mam Kickes no ënnen leit?

 

 Wei ass den Oflaf bei enger Cesarienne?

 

CRASHCOURS

 

COURS FIR FRAEN, DÉI SCHONNS MAMM SINN

Hutt dir keng Platz méi an engem Cours kritt?

Wollt Dir net an e Grupp goen?

Hutt Dir bis elo geschafft oder hutt dir einfach keng Zäit fond?

As et bei Iech net déi éischt Gebuert an dir wollt just eng kleng Widderhuelung man?

Da kann ech Iech e Cour ubidden, wou mir déi wichtegst Saachen beschwätzen an Äer individuell Froen beäntwerten.

 Ech ginn Iech Äntwerten ob des Froen, dei ech  un Äer Virstellung vun der Gebuert an individuell Stellevirbereedung adaptéieren.