Sandra Namur

 Ech sinn Hiewan säit 1992.

Nieft der Salle d’Accouchement hunn ech um Post Partum geschafft an och während ville Joren Visitten doheem gemaach. Esch halen säit 1995 pre- a postnatal Couren

Am Moment schaffen ech am Centre de Périnatalité vun der Maternité G.-D. Charlotte an an als liberal Hiewan an menger privater Consultatioun zu Bartreng.

Während deene leschten 25 Joer, hunn ech berufflech Weiderbildunge gemaach an un der Entwécklung vu verschiddene Projet'en deel geholl.

Esch si Mamm vun zwee Kanner an hunn hei vill perséinlech Erfahrungen gemaach,déi ech och an meng Aarbecht afléisse loossen.

Esch si Lëtzebuerger an schwätze Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.